2013-02-20 Gesundes Frühstück- und Pausenbrot
Am Kader vum Eveil aux sciences hunn d'Kanner vum cycle 3 iwwer gesond Ernährung geschwat a mir hunn dunn e Freiden den 22. Dezember an der Schoul zesumme Kaffi gedronk.
Am Kader vum Eveil aux sciences hunn d'Kanner vum cycle 3 iwwer gesond Ernährung geschwat a mir hunn dunn e Freiden den 22. Dezember an der Schoul zesumme Kaffi gedronk.
Déi Sëller Schoulkanner aus dem Cycle 3 waren op Réiden d'Pompjeeën besichen. Dat war cool
Cycle 2: Am Oktober hunn mir zesummen mat de Spillschoulskanner Grompere geraf an déi zu Gromperepurée verschafft. Duerno hu mir all Informatiounen em d'Gromperen zesummen an engem schéinen Gromperebuch festgehal.
Hei epuer Biller vum "Aidslaf" 2012-2013
Schoulhaffpalissaden grondéieren Schoulhaffpalissaden molen
Haut hunn de Cycle 2 + 3 den Zonk ronderëm eisen Schoulhaff mat wäisser Faarf ugestrach. Et huet Spaass gemaach a sou muncher Schüler hat méi Faarf an den Hoer wéi um Rouleau. Leider sinn et e puer Flecken op d'Bordürsteng ginn. Mir entschëllegen eis. Mir passen elo besser op!
D'Schüler vum Cycle 3 waren e Méindeg, den 13. Februar, op Kapweiler de Bauerenhaff vun der Famill Fisch besichen. Den Paul, den Adam an den Sam aus dem Cycle 3 haten am Virfeld en Exposé iwwer den Bauerenhaff an der Klass virgestallt. Dir kënnt Iech d'Fotoen vun dësen Aktivitéiten ukucken, andeems Dir op den Link ënnendrënner klickt. Vill Spaass!
D'Schüler aus der Sëller Schoul waren an d'Drauwelies op Ohn. Hei fannt Dir den Wiki vun 2 Schüler aus dem 3. Zyklus, déi e puer Informatiounen iwwert dësen Ausfluch zesummegestallt hunn. Vill Spaass!
D'Schüler aus den Zyklen 2 an 3 waren mam Fierschter op d'Naturspillplaz zu Sëll, fir him, ënner anerem, Froen dozou ze stellen. Hei fannt Dir den Wiki vun 3 Schüler aus dem Zyklus 3, déi e puer Informatiounen iwwert d'Naturspillplaz zesummegestallt hunn. Vill Spaass!
D'Schüler aus den Zyklen 2 an 3 hunn sech den 28. September 2011 mat dem Fierschter op der Naturspillplaz getraff. Hei fannt Dir d'Fotoen vun dëser Aktivitéit. Vill Spaass beim Kucken!
Hei e puer flott Fotoë vum Schoultheater
Um Site fannt dir am rietse Rand verschidde Gebrauchsuweisungen zu den eenzelnen OLEFA Tools an Applicatiounen. Weiderhi fannt dir och verschidden interessant Infoen, di extrem hëllefräich kënne sinn. Erste Schritte / Wiki / Storyboard / Webbook / Tiparlo